FrëschKëscht
Saisonal an regional Produiten an enger Këscht!
shopping_cart Kaf eng FrëschKëscht
Sozial Netzwierker:
Wat ass d'FrëschKëscht?
FrëschKëscht ass eng Box mat saisonal a regional Produkter. Vun Woch zu Woch stellen mir eng grouss, variéiert a gesond FrëschKëscht fir eis Clienten zesummen.
Elo stellt sech d'Fro, wat genau heescht dat? Et gëtt keng esou eppes wéi FrëschKëscht a ganz Lëtzebuerg! Déi wichtegst Saach fir eis ass eise Clienten qualitativ, regional a saisonal Produkter ze bidden mat deenen se gesond iessen. Zousätzlech enthält d'FrëschKëscht all Woch eng aner Spezialitéit, sou wéi Hunneg, Téi, Gebees, ... (natierlech ass alles 100% lokal gemaach).
Wat mëscht d'FrëschKëscht esou speziell?
Munch Leit denken villäicht "Dëse Konzept existéiert schon" awer dat ass net de Fall! Mir schätzen et immens datt mir 100% lokal a saisonal Produiten benotzen déi mir an eis Këscht paken
100% lokal Produiten
D'FrëschKëscht enthält nëmme lëtzebuergesch Produiten, mat deene mir lëtzebuergesch Baueren ënnerstëtze wëllen!
Ëmweltbewosst
Eist Zil ass, d'Ëmwelt esou vill wei méiglech ze entlaaschten, andeems mir op den Import vu Liewensmëttele verzichten a kee Plastik benotzen.
Zäit gespuert
Mir sinn déi, déi eis Zäit investéieren, eng schéin a variéiert FrëschKëscht zesummenzesetzen, wat dann heescht, dass Dir net an an de Supermarché duerch 100 verschidden Rayonen goe musst.
Iwwerraschungseffekt
All Woch gett et eng kleng Iwwerraschung an Ärer FrëschKëscht. Dëst kann entweder Lëtzebuerger Gebees, Hunneg a villes méi sinn ...
Ofwieslungsräich
Et gëtt eng Frëschkëscht fir all Goût, sief et vegetaresch oder eng vegan. Dir hutt d'Wiel! Den Inhalt vun der FrëschKëscht ännert all Woch, sou datt et ni langweileg gëtt!
Frësch a gesond
FrëschKëscht hëlleft Iech mat gesondem a frësche Liewensmëttel an Ärer gudder Ernärung
Wee si mir?
Mir sinn e Grupp vu 7 Studente vu 17-18 Joer a mir sinn all an der selwechter Klass am LRSL (Lycée Robert Schuman um Lampertsbierg). Mir sinn en engagéiert Team, dat ustrieft eis Clienten zefridde ze stellen mat eisem neie Produit + Service dee mir zu Lëtzebuerg op de Maart bréngen!
Wee sinn eis Fournisseuren?
Eis Fournisseure sinn ausschliisslech Baueren, déi hire Betrib hei zu Lëtzebuerg hunn.
Wat halen eis Clientë vun ons?

Nathalie HOTZ
"D'Idee fannen ech super, regional Produkter, frësch, an all Woch aner Geméiszorten, spannend, well een nach net weess wat geliwwert gëtt. Merci fir ären Service."

Christiane PIERSON
"Ech sinn impressionéiert, wéi gutt d’Frëschkëscht organiséiert ass! Hier Produit’en si frësch a breetgefächert, sou dass ech neit Geméis kenne geléiert hunn. Doduerch ginn ech forcéiert, mir nach méi Gedanken iwwer Ernährung ze maachen, a méi gesond z’iessen."

Georges KIEFFER
"Ons ganz Famill besteet aus Vegetarier, respektiv Veganer; an dofir si
mir ëmmer op der Sich no frëschem Uebst a Geméiss. An do ass d’LRSL Frëschkëscht eng gutt Wiel!
Lecker Gromperen, säfteg Zalot, zolitt Muerten, e flott Spullduch oder extra Gebeess als
Iwwwrraschung - Häerz waat wëlls de méi?
Keep up the good work, support “FrëschKëscht” & stay
healthy!"
Mir géifen eis freeën e Feedback vun Ärer Erfarung mat FrëschKëscht ze kréien. Mat Hëllef vun Ärem Feedback ass et méiglech eis weider ze entwéckelen an Iech ëmmer e besseren Produit an Service ubidden ze kënnen. Bewäert eis elo op Google oder Facebook!
Google Feedback Facebook FeedbackEis Sponsoren/Partner
Merci un eis Sponsoren a Partner duerch déi dëse Projet méiglech ass a mir soe Iech all Merci!
Hutt Dir iergendwellech Froen?
Kontaktéiert eis, mir hëllefen Iech sou séier wéi méiglech!
Déi mat engem ''*'' gekennzeechent Felder sinn obligatoresch