FAQ
Op dëser Säit fannt dir oft gestallte Froen
➤ Allgemeng
Wéi kann ech eng FrëschKëscht kafen?
Iwwert de Formular op eiser Internetsäit kënnt dir eng FrëschKëscht bestellen
Kaf eng FrëschKëschtWéi kann ech d'FrëschKëscht Equipe kontaktéieren?
Dir kënnt eis en E-Mail op déi folgend E-Mail Adress [email protected]schkescht.lu schécken oder Dir kënnt onsen Kontaktformular (gewënschte Method) ausfëllen.
Kontaktformular Schéckt ons eng E-mailWat ass d'FrëschKëscht?
Op eiser Haaptsäit fannt Dir eng ongeféier Lëscht wat fir Produiten grad saisonnal sin an déi d'FrëschKëscht kéint enthalen. Mir ginn ni Detailer iwwer den Inhalt vun der Këscht fir Iech eng kleng Iwwerraschung unzebidden. Loosst Iech iwwerraschen :-)
Saisonal ProduitenGinn et Killketten déi gehale muss ginn?
Nee, d'FrëschKëscht enthält nëmme Produiten déi net musse gekillt ginn
Ween kontakteieren ech wann ech meng Ofhuelplaatz net fannen?
Déi bescht Léisung ass eis direkt unzeruffen well dëst ass déi séiersten (+352 691 388 761). Soss kënnt Dir eis och eng E-Mail schécken ([email protected]) oder eis kontakteieren andeems Dir den Kontaktformular ausfellt (https://freschkescht.lu/contact)
Rufft eis un Kontaktformular Schéckt ons eng E-mailWee sinn eis Fournisseuren?
Mir hunn Fournisseuren mat villen a qualitativ héichwäerte Produkter wéi LuxLait, BioGros, Haff Mullerlemmer, Famill Kirsch an Mellerefer Hingerfarm
All eis FournisseurenAss et méiglech, d'FrëschKëscht bei sech heem geliwwert ze kréien?
Jo daat geet! Am Bestellungsformulaire musst Dir um Enn vum Formulaire auswielen ob Dir Är Frëschkëscht selwer wëllt ofhuelen oder se léiwer bei Iech Heem geliwwert kreien
Kaf eng FrëschKëschtWat heescht dat, dass d'FrëschKëscht regional a saisonal ass?
An anere Wierder, all d'Produkter an der Këscht kommen exklusiv aus Lëtzebuerg (ouni Ausnam!). Zousätzlech si all d'Produkter, déi an der FrëschKëscht enthale sinn, saisonal oder Lagerartikele wéi Äppel, zum Beispill.
All Produiten déi aktuell saisonal sinnWou kann ech e Feedback iwwer d'FrëschKëscht schécken?
Dir kënnt eis äre Feedback op der folgender Websäit Adress schécken:
Google Feedback Facebook FeedbackGinn et Evenementer op deenen dir vertruede sidd?
Dir kënnt all zukünfteg Eventer op deene mir vertruede sinn op der folgender Websäit fannen:
KalennerWéi genau funktionéiert d'Liwwerung?
Méindes gëtt Är FrëschKëscht vun Michel Greco S.A (Post Group Luxembourg) bei Iech heem geliwwert.
➤ Bezuelung
Wéi bezuelen ech meng FrëschKëscht?
Wann Dir de Bestellungsformular ofgeschéckt hutt a mir en iwwerpréift hunn, kritt Dir eng E-Mail mat all Informatiounen, inklusiv d'Rechnung mat eise Bankkontodetailer