Verschidden Varianten vun der FrëschKëscht | FrëschKëscht - Luxembourg
Klassesch FrëschKëscht

Klassesch FrëschKëscht

Déi klassesch FrëschKëscht ass eis original Versioun, déi Versioun, déi mir eis um Ufank vun eisem Projet virgestallt haten. Eng Këscht mat Uebst, Geméis, Eeër, Mëllech an een Iwwerraschungsproduit deen all Woch variéiert, alles 100% lëtzebuergesch. DʼKëscht voller regionaler an saisonaler Produiten weit tëschent 8kg an 10kg.
Ab 35,45€

Kafen
Vegan FrëschKëscht

Vegan FrëschKëscht

Fir eis Clienten déi keng Eeër an keng Mëllech konsuméieren, hunn mir eng vegan Versioun vun der Këscht virgestallt, bei där dʼGewiicht änlech ass wéi bei der klassescher. DʼProduiten wéi dʼMëllech an dʼEeër ginn duerch anert Uebst oder Geméis ersat.
Ab 35,45€

Kafen
Klassesch Mini-FrëschKëscht

Klassesch Mini-FrëschKëscht

Déi klassesch Mini FrëschKëscht eegent sech éischter fir méi kleng Haushälter oder fir déi manner giereg ënnert Iech. D'Produiten sinn déi selwecht wéi an der klassescher FrëschKëscht, just a méi klenge Quantitéiten ugebueden.
Ab 22,44€

Kafen
Vegan Mini-FrëschKëscht

Vegan Mini-FrëschKëscht

Déi mini vegan FrëschKëscht ass identesch zu senger grousser Schwëster, der veganer FrëschKëscht, nëmmen am klengem Format. Fir een ongeféiert Gewiicht vun 4 Kilo ze erreechen, sinn Uebst, Geméis an een klengen Iwwerraschungsproduit dran enthalen.
Ab 22,44€

Kafen

GeméisKëscht

D'GeméisKësscht ass eng Këscht déi wéi den Numm et schonn seet nëmmen Geméis enthält. All Woch probéieren mir Iech eng grouss Varietéit un 100% lëtzebuergeschen Produiten ze proposéieren. Dëst Këscht, déi nëmmen an Form vun Abonnementer disponibel ass enthält eng Dosen Produiten. Allerdéngs, genau esou wéi den Klima, kann den Contenu vun dëser Këscht vun Woch zu Woch liicht variéieren. Dowéinst kann et sinn dass eng Woch een bëssi méi an der Këscht enthalen ass wéi déi Woch virdrun.
Ab 27,95€

Kafen