Ekipp | FrëschKëscht - Luxembourg

Eng jonk, motivéiert an dynamesch Ekipp

Clémentine Offner

Clémentine OFFNER

Clientsservice

Och wann d'Clémentinen net lokal sinn, hunn mir awer eng an eiser Ekipp.
Bei der FrëschKëscht këmmert sech d'Clémentine ëm eis Clientèle andeems hat hier Mails beäntwert an sech mat den Verbesserungsvirschläg auserneesetzt déi mir all Dag erageschéckt kréien. Hat këmmert sech ënner anerem och ëm d'Virbereedung vun den Këschten an probéiert lecker Rezepter fir eis Clienten ze fannen. D'Clémentine ass eng positiv Persoun, voller Hoffnung an déi d'Welt gären verbesseren géif. Vun do kënnt och säin Spëtznumm "Greta"

Teo Castellvi

Teo CASTELLVI

Marketing Departement

Den Teo ass an eiser Ekipp deen, deen am léifsten feiert an Dommheeten mëscht. Mat sengem sarkasteschen Humor kritt hien eis ëmmer zum Laachen. Mam Gaïa zesummen ass hien responsabel fir den Marketing Departement. Hien huet sech mat der Zäit op d'Facebook an d'Google Werbungen spezialiséiert, wat fir hien um Ufank eng komplett onbekannten Welt war. Eng vun sengen gréissten Leidenschaften ass den Tennis. Eng Leidenschaft déi hien mëttlerweil un kleng Kanner weidergëtt, andeems hien hinnen Weekends iwwer Kueren gëtt.

Ivo Silva

Ivo SILVA

Verkafsdepartement

Den Ivo ass een richtegen Leader. Mat senger positiver Energie, senger Determinatioun an senger gudder Laun, wees hien wéi hien d'Leit an sengem Ëmfeld iwwerzeegen an motivéieren kann. Hien ass een Kämpfer deen et gären huet ze gewannen. Déi Säit huet hien vum Fussball, seng grouss Passioun säitdeem hien kleng ass. Et kéint een hien ënnert anerem "ëmmer verletzte Spiller" nennen, well hien huet ëmmer iergendwou een klengen Bobo.
Den Ivo huet ëmmer nei Iddien. Hien ass eisen beschten Verkeefer an hien këmmert sech em d'extern Relatiounen, esouwuel wéi em d'Comptabilitéit.

Gilles Heinesch

Gilles HEINESCH

Administrativen Service an Webmaster

Den Gilles ass een bëssi d'Gehier vun eisem Business. Wann een eng Fro huet, dann wennt een sech automatesch un den Gilles, deen ëmmer déi richteg Äntwert huet. Et kéint een duerchaus soen dass hien een klengen ''Workaholic'' ass, deen ëmmer hannert sengem Computer ze fannen ass. Den Gilles programméiert eis Internetsäit an hien këmmert sech em d'Administratioun.
Soss ass den Gilles eng vun den héiflechsten an frëndlechsten Persounen déi et ginn, hien huet et gären jidderengem ze hëllefen a setzt anerer ëmmer virun sech selwer.

Gaïa Costadura

Gaïa COSTADURA

Marketing a Kommunikatioun

D'Gaïa ass een bëssi d'Dreemerin vun der Grupp wat ëmmer den Kapp an den Wolleken huet. Hat huet ëmmer gutt an kreativ Iddien. D'Gaïa ënnerstëtzt den Teo am Marketing an hat këmmert sech och dorëms d'Kommentaren an d'Messagen vun eisen Clienten op den sozialen Medien ze beäntweren. D'Gaïa ass déi optimisteschst Persoun aus der Grupp an hat huet ëmmer een Laachen am Gesiicht.
Och wann mir keen Mier zu Lëtzebuerg hunn, ass dem Gaïa säin Liblingshobby surfen, wat him eng gutt Excuse gëtt fir nëmmen een mol am Joer Sport ze maachen.

Déi kleng Geschicht



FrëschKëscht Team
Am September 2019, hunn siwen Schoul Kolleegen decidéiert sech op enger Optioun unzemellen déi "Mini-Entreprise" heescht. Et ass dorëms gaangen eng Entreprise ze kreéieren an ze developpéieren am Kader vun engem Concours deen vun den "Jonk Entrepreneuren de Luxembourg" organiséiert war.
Dës 7 motivéiert an éiergäizeg Schüler déi mir sinn, hunn dëse Projet vun Ufank un ganz eescht geholl. Mir wollten den Concours gewannen, awer virun allem wollten mir eppes kreéieren wat een richtegen Wäert hätt. Och wann d'Iddi vun der FrëschKëscht eis net direkt agefall ass, waren mir eis vun Ufank un secher dass mir een Produit rausbréngen wollten, dat eist Land beliicht... ironesch well d'Majoritéit vun eis net vu Lëtzebuerger Hierkonft ass.
Kuerz gesot, d'FrëschKëscht gouf gebuer. E ganzt Joer hunn mir un der Realisatioun vun eisem Produit a Service geschafft an sinn domat an d'Welt vum Entrepreneursgeescht komm, eng richteg Offenbarung fir eis. Mir hunn eng Leidenschaft fir d'Geschäftswelt entdeckt, awer och an deem Domaine deen mir gewielt hunn, deen vum lokalen a saisonalem Iessens-Maart. Prinzipiell hat keen vun eis e richtegt Wëssen iwwer Uebst a Geméis an et war eng duebel Erausfuerderung. Wärend dësem Joer hu mir sou vill iwwer d'Aarbechtswelt geléiert, awer och iwwer eis selwer an iwwer mënschlech Bezéiungen.
An rot mol wat? Mir hunn den Concours gewonnen! Mir sinn zur beschter Mini-Entreprise 2020 zu Lëtzebuerg gewielt ginn an eis FrëschKëscht ass e richtege Succès ginn. Dës Victoire an dës kostbar Erfarung huet eis de Wonsch an d'Motivatioun ginn fir déi Aventure iwwer de Schoulëmfeld ze erweideren. Am September 2020 goufe mir zur "richteger" Firma.
Vill méi wéi e kommerziellen Erfolleg, d'FrëschKëscht ass virun allem fir eis eng grouss mënschlech Aventure, déi ganz staark Frëndschaftsverbänn tëscht eis alleguerten erstallt huet.

D'Ekipp op der Arabescht