All är lokal Produiten an enger Këscht
D'FrëschKëscht ass eng Këscht déi lokal, saisonal, gesond an virun allem frësch Produiten enthält
Kaf eng FrëschKëscht Kaf eng MengKëscht
Produiten 100% lëtzebuergesch
De Konzept vun der FrëschKëscht ass, ausschliisslech lëtzebuergesch Produiten unzebidden. Mir wëllen d'Leit dozou ureegen, lokal Produiten ze consomméieren an vereinfachen hinnen dëse Schratt, andeems mir hinnen eng Këscht mat exklusiv lëtzebuergeschen Produiten proposéieren.
Co2-Foussofdrock verréngeren
Den lokalen Verbrauch favoriséiert kuerz Liwwerstrecken, déi et erméiglechen, den Co2-Foussofdrock ze verréngeren deen duerch den massiven Import vun internationalen Produiten entsteet.
Lokal Produzenten ënnerstëtzen
Een regionalen Konsum erméiglecht et lokal Hiersteller weiderzebréngen, well och zu Lëtzebuerg ginn et Professioneller déi lecker an variéiert Produkter ubidden.
D'Qualitéit vun den Produiten garantéieren
Well mir esou enk am Kontakt mat eisen Fournisseuren stinn, kënnen mir Iech d'Frechheet an d'Excellenz garantéieren vun den Produiten déi mir Iech ubidden. Mir bleiwen natierlech 100% transparent par Rapport zu der Origine vun den Produiten.
6 gutt Grënn sech fir d'FrëschKëscht ze entscheeden
Ouni Stress
Verléiert Är Zäit net méi an den Supermarchéen oder andeems Dir ronderëm dat ganzt Land fuert fir 100% lëtzebuergesch Qualitéitsproduiten ze fannen.
Flexibilitéit
Well all Woch anescht ass, ännert, pauséiert oder suspendéiert Äert Abonnement.
Nee fir d'Verpackungen
Eist Haaptzil ass et d'Ëmwelt ze schützen, dofir probéieren mir esou wéineg Verpackungen wei méiglech ze benotzen.
Varietéit
Lëtzebuerg, bekannt fir seng kleng Fläch, stëcht voller Iwwerraschungen déi all Woch an der FrëschKëscht ze fannen sinn. All FrëschKëscht enthällt innovatif Rezepptideen déi ungepasst sinn un den Inhalt vun der Këscht
Frësch a gesond
D'Produiten kommen villäicht net aus dem Gaart vun Ärer Boma, mee d'Qualitéit an den Goût sinn jiddefalls do
Iwwerraschungseffekt
All Woch erwaart Iech eng Iwwerraschung wann Dir Är FrëschKëscht opmaacht an Dir d'Produiten entdeckt déi Lëtzebuerg Iech unzebidden huet.




