Skip to Content

Gilles HEINESCH

Matgrënner, 23 Joer

Ivo SILVA

Matgrënner, 23 Joer

Clémentine OFFNER

Matgrënnerin, 23 Joer

2019
Start vun der Mini-Entreprise

Siwen Lycée-Frënn schreiwen sech zesummen an de optionalen Cours "Mini-Entreprise" an. Hiert Zil: e Betrib ze grënnen an ze entwéckelen am Kader vun engem Concours organiséiert vun de "Jonk Entrepreneuren" vu Lëtzebuerg.

2019-2020

D'Iddi vun der FrëschKëscht kritt Form. Hir Ambitioun: e Produit ze kreéieren dee Lëtzebuerg fördert. E ganzt Joer laang schaffe si un der Realisatioun vun hirem Projet an entdecken esou eng Passioun fir Entrepreneursgeescht a mënschlech Relatiounen.


Mee
2020

D'FrëschKëscht gewënnt den Concours a gëtt 2020 déi beschten Mini-Entreprise zu Lëtzebuerg. Hiert Produkt ass e richtege Succès bei de Clienten.

Septembre
2020

Encouragéiert vun dëser Victoire hunn si décidéiert d'Aventure iwwer de Schoulkader weiderzemaachen an d'FrëschKëscht an een richtege Betrib ze transforméieren.

2022

Zwee Joer méi spéit schrumpft d'Team an d'Produkt entwéckelt sech. FrëschKëscht konzentréiert sech elo op de Verkaf vu Chrëschtkëschten un Firmen, Associatiounen an aner Organisatiounen. Trotz deene Verännerunge bleiwe si hirem Engagement fir lokal Produkter trei, mat Këschten ausschliisslech aus 100% Lëtzebuerger Leckereien.

Haut